Mir, de SCRIPT invitéieren all d’Enseignanten ganz häerzlech, an Kooperatioun mam Radio 100,7, op e Webinar zum Thema Iwwert de Sënn vum Kodéieren an der Grondschoul. Problemléisend Denken vum C1 bis C4.

D’Kodéieren gëtt zanter dësem September am Cycle 4 ënnerriicht, a vum nächste Schouljoer u spillt d’Kodéieren eng Roll an alle Cyclen.

Am Kader vun enger Diskussiounsronn beschäftegen sech fënnef Invitéeën aus de Beräicher Bildung, Gesellschaft a Politik mam Stellewäert vum Kodéieren an der Grondschoul a mat der Bedeitung vun dësen neie Kompetenze fir de Bildungsverlaf an de Liewensalldag vun de Kanner an de Jonken.

De Webinar fënnt, wéinst der aktueller Situatioun zu engem spéideren Datum statt, an zwar den 26. Januar 2021 vun 14h30 bis 16h00 Auer  a gëtt iwwert de Radio 100,7 a Youtube iwwerdroen. D’Participatioun um Webinar gëtt als Formation continue unerkannt.

Iwwert dëse Link beim IFEN kënnt Dir Iech umellen: http://www.ifen.lu/descriptionformation?idFormation=272127