E Webinaire vum SCRIPT/Radio 100,7 den 18. Mee vun 14.30 bis 16.00

Och wa mir nach net genee wëssen, wéi d’Gesellschaft vu muer wäert ausgesinn, ass et ganz kloer, dass digital Kompetenzen néideg sinn, fir voll dorun Deel huelen ze kënnen. D’Entwécklung vun deene Kompetenzen ass mat eng virrangeg Missioun vun der Schoul vum 21. Joerhonnert ginn. Woubäi et net just dorëms geet, déi technesch Fäegkeeten ze vermëttelen, mee d’Schülerinnen a Schüler och bei der Festegung vun hirer eegener digitaler Identitéit ze begleeden.

An deem Sënn gëtt bei der Rentrée 2021/2022 dat neit Fach “Digital Sciences” an de Programm vun den ënneschte Secondaires-Klassen integréiert. Wat d’Iwwerleeung hannendrun ass, wie betraff ass a wéi “Digital Sciences” enseignéiert gëtt, dorobber ginn an engem Webinaire vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mat Radio 100,7  Expertinnen an Experten an, déi um Ausschaffen um Fach bedeelegt sinn.

Am Studio sinn: d’Claire Flammang, Professer am Lycée Aline Mayrisch a Coordinatrice vum Aarbechtsgrupp fir d’Fach “Digital Sciences”, d’Deborah Plein, Responsabel fir d’Kommunikatioun bei BEE SECURE, d’Jennifer Breithoff vum “Centre pour le développement socio-émotionnel” an de Fabrice Roth, Direkter vum Lycée des Arts et Métiers. Analyse vun enger Rei Expertinnen an Experten sinn zousätzlech an der Emissioun ze héieren.

Dëse Webinaire geet den 18. Mee 2021 vu 14.30 bis 16.00 iwwer d’Antenn a gëtt och am Livestream iwwerdroen. E Link fir de Livestream ass den Dag selwer op der Websäit vum Radio 100,7 ze fannen. Jiddereen, dee nolauschtert kann seng Froen iwwer d’Email fro@webinar.lu oder per WhatsApp 621440044 stellen.