De Webinaire 'Vun ChatGPT iwwer Google Mega-Donnéeë bis bei Roboter - Den Ëmgang mat Artifizieller Intelligenz an der Schoul' geet dënschdes, den 21. Mäerz 2023 vu 14:00 bis 15:30 Auer um radio 100,7 iwwert d'Antenn.

De Webinaire gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 an dem Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) organiséiert. De Webinaire gëtt och live iwwer Video op der Internetsäit www.100komma7.lu gestreamt.

Spéitstens zanter der Publikatioun vun der leschter Versioun vu ChatGPT duerch d’Firma Open AI am November 2022 ass Kënschtlech Intelligenz an der Bildung en Theema, dat een net ignoréiere kann. War d’Resultat vum Chatbot am Ufank vläicht nach mëttelméisseg, sou huet sech bannent kierzter Zäit hei eng Weiderentwécklung gedoen, déi ganz vill Froen opwerft. Dëst ass eng moderéiert Diskussioun mat 4 Invitéen (Daniela, Hau, Fabrice Roth, Lukas Held, Prof. Dr. Till Dembeck).

De Webinaire gëtt als Online-Formatioun ugebueden. Et kann ee sech iwwer dëse Link umellen.