Dëse Concours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum Educatiounsministère/ SCRIPT organiséiert gëtt, leeft am Joer 2023 fir d'18. Kéier.

Fir 2023 gouf folgend Thema erausgesicht:

Gléck

Gléck ass eppes, wat mir eis all wënschen.

Et fält eis awer dacks schwéier, dee Begrëff ze definéieren: Bedeit Gléck fir jiddereen dat selwecht? Ass et anescht fir eng Persoun, där et ëmmer gutt geet, wéi fir e Mënsch, deen dauernd schéngt Pech ze hunn?

Kënne mir eisem Gléck oder deem vun aneren nohëllefen oder beneide mir een alt emol ëm säi Gléck?

Wat heescht eigentlech glécklech sinn a wéi spiert sech Gléck un? Wéini a mat wiem si mir glécklech?

Dëse vasten Theema kënnt a ville Kannerbicher, a Klassiker wéi och an neie Bicher, vir. Dacks ass et net onbedéngt ee ganzt Buch zum Theema, mee just eng Zeen, déi ronderëm Gléck oder Ongléck dréint. D’Schülerinnen an d’Schüler wäerte sécher interessant Texter dozou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll d‘Theema erëmginn. Virgelies gëtt an enger vun den dräi Schoulsproochen. 

  • De "Virliesconcours" gëtt, wéi déi lescht Joren och, an der Challenge-Variant organiséiert.
  • Et gëtt dëst Joer erëm eng Finall mat Publikum, an zwar de 27. Juni 2023 am Virliesconcours2023 Ariston zu Esch.
  • An der Broschür gëtt den Oflaf vum Concours méi am Detail beschriwwen.