An dësem Beräich vu schouldoheem.lu fënnt een eng Rei Angeboter, déi als gemeinsamt Ziel hunn, et den Enseignanten ze erméiglechen, Kompetenzen an deene Beräicher weiderzëentwéckelen, déi an der aktueller Situatioun besonnesch wichteg sinn.

Dës Angeboter sinn :

  • regelméisseg Webcasts, dat heescht Presentatiounen zu verschiddenen Themen, déi ee ka live verfollegen oder zu engem spéideren Zäitpunkt als Video kann ukucken ;
  • online Austauschtreffen, bei deenen d’Interaktioun tëschent de Participanten an d’Iddi vum “peer learning” am Vierdergrond stinn ;
  • eng Auswiel vun online Formatiounen vum IFEN ;
  • e P2P Helpdesk, dee vun erfuerenen Enseignanten moderéiert gëtt awer och dat géigesäitegt Ennerstëtzen encouragéiert ;
  • en Zougrëff op d’eLibrary vum IFEN mat nëtzlechen eBicher an digitalen Zäitschrëften aus dem Beräich vun der Pädagogik.

 

Link:  https://schouldoheem.lu/lu/teachers