Wat ass SPAMBEE?

Spam nervt, Phishing ass geféierlech. Sech dogéint schützen, geet ganz einfach mat SPAMBEE.

SPAMBEE ass en Tool mat dem Dir verdächteg E-Maile ganz einfach un Experte weiderleede kënnt, déi dann eng vollstänneg Diagnos maachen. All Analys vun engem suspekte E-Mail speist eng Datebank vun Absender déi gepaart solle ginn. Op dës schwaarz Lëscht kann all SPAMBEE-User zougräifen. Esou gëtt den Anti-Spam Filter mat Hëllef vun all eenzelen verbessert.

Wéi funktionéiert SPAMBEE?

SPAMEE ass en Plug-in , , den op deene meeschte Browser an E-Mail-Clients kann installéiert ginn. Wa bis installéiert, kann ee mat engem einfache Klick verdächteg E-Mailen un eis Experte weiderleeden, déi dDaten analyséieren.

SPAMBEE schützt Är perséinlech Donnéeën am Aklang mat RGPD, well nëmmen déi technesch Date vun der E-Mail iwwerdroe ginn, net de Contenu oder den Destinataire.

Den Destinataire kann awer wielen ob en de Rapport vun der Analyse wëll kréien. Nëmmen an dem Fall gëtt seng E-Mail Adress gespäichert.

  1. D'Benotzen ass ganz einfach;
  2. D'Melle kascht näischt;
  3. D'Anonymitéit ass garantéiert: Et ginn nëmmen déi Daten erfaasst, déi fir Analyse wichteg sinn (Absender, headers, .);
  4. Déi technesch Date ginn direkt iwwerdroen;
  5. D'Sécherheet vun all de User gëtt duerch d'Verdeele vun "schwaarze Lëschten" verbessert;
  6. De Filter kann u lokal Spezifizitéiten ugepasst werden;
  7. SPAMBEE funktionéiert mat de meeschten E-Mail-Clients, grad ewéi Webmails.

Weider Informatiounen fannt Dir ënnert www.Spambee.lu