An Zesummenaarbecht mam CGIE proposéiert de SCRIPT de Lycéeën, de One2One iPad Koordinatiounsgruppen an den Enseignanten aus de Lycéeën eng Plattform mam Numm P2P Helpdesk (“Peer to peer”), wou déi concernéiert Leit sech géigesäiteg ënnerstëtze kënnen. Si huet folgend Ziler:

  • d'Vernetzung tëschent de Lycéeën an den Austausch vu gudden Erfarungen am Schoulalldag ënnerstëtzen,
  • den erfuerene Lycéeën erméiglechen, souwäit d'Contenue fir een nationale Gebrauch ubruecht sinn, hir Ressourcen op nationalem Niveau ze deelen,
  • bei Bedarf Froen, déi ausserhalb vum Kompetenzberäich vun der Plattform leien, un déi kompetent Servicer virunzeleeden.

 

Dës Plattform ass komplementar zu den aktuellen Hëllefstellungen, an ersetzt a kengster Weis:

  • offiziell Communiquéë vun der Regierung (https://gouvernement.lu/fr.html), vun der Santé (https://sante.public.lu/fr/index.php) a vum Edukatiounsministère (http://www.men.public.lu/home/index.html),
  • déi zentral Gestioun vum CGIE (info@helpdesk.lu),
  • Ressourcë vu www.schouldoheem.lu (Kontaktformulaire um Site),
  • Plattformen, déi d’Gebaier fir hir eege Communautéit erstallt hunn.

 

Op dëser P2P-Helpdesk fannt Dir folgend Kanäl:

  • Allgemeng: Struktur, Ziler an Neiegkeeten zu der P2P Plattform
  • Microsoft O365 Apps: Erfarungsaustausch iwwert de pedagogesche Gebrauch vun O365Applikatiounen
  • IOS Apps: Erfarungsaustausch iwwert de pedagogesche Gebrauch vun IOS-Applikatiounen
  • IT4T & Zuludesk (Jamf): Erfarungsaustausch am Kontext vum IT4T a Zuludesk (Jamf)
  • Edumedia - bewosst a gewosst Medie pedagogesch asetzen,
  • Klassesall-Management: Erfarungsaustausch iwwert den online Klassemanagement
  • Uleedungen/Tutorials: Erfarungsaustausch iwwert d’Plangen, Duerchféieren, Viruleeden aModeréiere vun Uleedungen/Tutorials innerhalb vun engem Kuer
  • Videokonferenzen: Erfarungsaustausch iwwert d’Plangen, Duerchféieren a Moderéiere vuVideokonferenzen
  • Evaluatioun: Erfarungsaustausch iwwert formativ a sommativ online Evaluatioun

Déi verschidde Kanäl gi vu enger Grupp Enseignantë moderéiert, déi erfueren am pedagogesche Gebrauch vun neien Technologien sinn. All Enseignant-e, déi zu de gestallte Froen eng Äntwert huet gëtt doriwwer eraus encouragéiert, se selwer ze beäntwerten.