Déi Jonk encouragéieren, keen Deel vu Gewalt ze sinn, mee richteg ze handelen!

D'Campagne „Not Sharing is Caring“ verbënnt d'Efforte vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Parquet de Luxembourg an der Police grand-ducale, fir déi Jonk iwwert de beonrouegende Phänom vum Deele vu Gewaltvideoen, déi aner Jonker an Zeen stellen, ze informéieren an ze sensibiliséieren.

D'Campagne „Not Sharing is Caring“ soll Jugendlecher zum Nodenken ureegen an hir Verantwortung stäerke wann et drëm geet, Videoe mat Zeene vu Gewalt oder Mobbing opzehuelen an am Internet oder de soziale Medien ze publizéieren oder ze deelen.

Den Internetsite www.notsharing.lu informéiert déi Jonk iwwert d'Konsequenzen fir d'Auteure vun der Gewalt a fir déi Jonk, déi d'Gewaltvideoen ophuelen oder deelen. Déi Jonk solle responsabiliséiert ginn, bewosst de richtege Choix ze treffen, wann sinn Zeie vu Gewalt ginn oder esou ee Video geschéckt kréien. D'Affer kréien och Informatiounen iwwert Ulafstellen am Fall, wou si Gewalt erlieft hunn.