Zënter der Rentrée bitt “mimamu-makedra” hire User och en Accès via IAM un, an dëst huet mat sech bruecht, dass  “mimamu” a “makedra” mëttlerweil vu ronn 4.100 Léierpersoune genotzt gëtt. Dat bedeit, datt wäit iwwer d’Hallschent vum Léierpersonal aus der Grondschoul op d‘Materialien an d’Offerte vu “mimamu-makedra” zeréckgräift. Eleng am Oktober goufen d’Säite vu “mimamu-makedra” iwwer 28.000 mol opgeruff.

Nieft de ville Materialien op mimamu.lu a makedra.lu, déi et dem Léierpersonal erméiglechen,  Museks- an Theateraktivitéiten an der Klass unzebidden, ass d’Ekipp vu “mimamu-makedra” och dëst Schouljoer mat intressante Projeten an Aktivitéiten a ville Schoulen ënnerwee. Genee wéi déi Jore virdrun haten dës Offerte vill Succès a ware séier ausgebucht.

“Coding music” a “Kannerberäich”

Coding music” gouf eng éischte Kéier am Kader vun der éischter nationaler Robotikwoch vum 17. bis den 20. Oktober 2022 virgestallt.

Melodië codéieren um Tablet, Musek komponéieren an arrangéiere mat Hëllef vu Launchpads, sou wéi digital Musek-Spiller si sécher eng nei a grouss Beräicherung fir de Museksunterrecht an de Schoulen. Op mimamu.lu fënnt een dat néidegt Material an Tutorials, fir mat Tablets oder Launchpads ze schaffen.

De “Kannerberäich” op mimamu.lu a makedra.lu gëtt de Kanner an den Elteren elo och d’Méiglechkeet, doheem d’Internetsitten ze notzen, a vu bestëmmte Museks- an Theateraktivitéiten ze profitéieren.