Dir schafft am Cycle 2 an hutt Loscht, mat Äre Kanner éischt Schrëtt an d’Robotik an an d‘Kodéierwelt ze woen? Da sidd Dir hei genee richteg. Et si keng Viraussetzungen am Beräich Kodéieren erfuerdert.

Wärend der Challenge entdecken d‘Kanner déi villfälteg Asazberäicher vun engem Roboter, erstellen hiren eegene Roboter am Kader vun enger Upcyclingaktivitéit an erwächen dësen mat Hëllef vun enger eegener analoger Kodéiersprooch zum Liewen.

Mat e bësse Geschéck qualifizéiert Är Klass sech fir déi grouss Finall op der Robotikwoch Enn Februar 2024, wou Är Kanner d’Méiglechkeet gebuede kréien, hire Roboter engem breede Public virzestellen.

Aschreiwung an Oflaf vum Concours

  • Aschreiwung bis de 24. November 2023
  • Challenge Start de 4. Dezember 2023
  • Challenge Ofschloss den 30. Januar 2024
  • Bekanntgab vun de Finalisten den 8. Februar 2024
  • Finall de 24. Februar 2024 op der Robotikwoch

Dir kënnt Iech ënnert dësem Link aschreiwen: https://levelup.lu/teachers/register-for-a-contest-form/?post_id=377