Vum 12. bis den 18. Dezember stoung op der Weltausstellung zu Dubai d’Theema vun der Educatioun an de Pavillone vun de verschiddene Länner am Mëttelpunkt.

De SCRIPT war ee vun den Acteuren, déi vum Lëtzebuerger Pavillon gefrot goufen, fir wärend där Woch Ateliere fir Kanner a Familljen z’organiséieren. Zesumme mat de Partner vun dësem Event, WorldSkills Luxembourg, dem Mathematik-Department vun der Uni Lëtzebuerg a securitymadein.lu, gouf e gemeinsaamt Konzept ronderëm d’Theeme Kodéieren, Algorithmen, Problemléisstrategien a Computational Thinking ausgeschafft.

Während där Woch huet eng Equipp vum SCRIPT verschidden Aktivitéiten aus de Lëtzebuerger Grondschoulen gewisen: esou koumen zum Beispill de Cubetto an d’Ozobotten, nieft anere pedagogesche Materialien, an den Asaz.

Ronn 700-800 Leit hunn all Dag d’Ateliere vun de Lëtzebuerger Vertrieder besicht, esou datt an der Knowledge and Learning Week iwwer 5.000 Leit d’national Strategie Einfach digital an am Besonneschen Initiativen am Beräich vum Coding presentéiert kruten. Bemierkenswäert ass, datt vereenzelt Kanner aus verschiddenen Natiounen deelweis scho mam Kodéieren an der Schoul a Kontakt koumen. Mee de Gros vun de jonke Visiteuren hunn an hirem Schoulcurriculum dës Form vu Computational Thinking nach net gesinn, wat nach eng Kéier d’Innovatioun vum Lëtzebuerger Coding-Programm ënnersträicht.

Donieft gouf am Kader vun dëser Educatiounswoch och de rewired-summit organiséiert; eng grouss Konferenz, an där wichteg VertriederInnen  aus der Welt vun der Bildung, wéi zum Beispill den Andreas Schleicher (Director for Education and Skills, and Special Advisor on Education Policy, OECD), d’Stefania Giannini (Assistant Director-General for Education UNESCO) oder och d’Henrietta Fore (Executive Director, UNICEF), iwwert déi néideg Kompetenze vum 21. Jorhonnert an d’Innovation an der Educatioun, an Zäite vun der Covid-19-Pandemie, debattéiert hunn.

Ënnert dësem Link ass e Video mat Andréck vum Evenement ze fannen.