Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Chrëschtdag steet virun der Dier an dat bedeit gläichzäiteg, datt et och nees Zäit fir den I-CN Adventskalenner ass.

Ab Dezember kënnt dir all Dag eng kleng digital Dierchen opmaachen, hannert der sech dann eng Aktivitéit aus engem vun de Beräicher aus dem Medienkompass verstoppt.

Fir datt et net ze vill Aarbecht ass, hu mir de Kalenner e bësse gekierzt an op d'Cyclen opgedeelt.

Deemno sinn et nach 16 Aktivitéiten, woubäi et 4 Aktivitéiten pro Cycle sinn.

Dir fannt den I-CN Adventskalenner ënnert folgendem Link:

http://www.edulink.lu/sbjf (Login iwwert den IAM)

Den ugespéngelte Pouster kënnt der och gären an der Klass ophänken an dann do de QR-Code scannen.

Fir datt all Enseignant sech dat ganz Material am Virfeld kann ukucken, hu mer all d’Aktivitéiten an engem Dossier (OneDrive) gesammelt an och eng Oplëschtung (Roadmap) mat dem noutwennege Material a Preparatiounen gemaach.

Link OneDrive:

http://www.edulink.lu/oxr4

Mir wënschen iech an äre Schüler vill Spaass a Freed mam Adventskalenner vun 2022.

D’Ekipp vun den I-CN

ICN AdventsPOSTER 2022