Am Mëttelpunkt vun der FIRST Lego League Challenge steet d’kollegial Konkurrenz, wou Gruppe vu maximal 10 Schüler/-innen tëschent 9-16 Joer sech mat Fuerschen, Problemléisen, Programméiern an Technik beschäftege, andeems si ee Lego-Roboter programméieren, deen am Virfeld bekannte Missiounen op engem Spillfeld bewältege soll.
D'PRE-Inscriptiounen sinn fir d'Saison 24/25 op. Taucht d‘nächst Saison mat eis of! D‘U-Boot huet nach e puer Plazen. All u Bord! 
Dir kënnt Iech ënnert follgendem Link umellen: PRE-Inscriptioun FIRST Lego League
Wann Dir méi Informatiounen iwwert d'FIRST Lego League wëllt kréien, kënnt Dir un der Informatiounsversammlung deelhuelen déi als FoCo ugerechent gëtt.