FIRST LEGO League
Juni 15, 2021
Et ass endlech erëm esou wäit. De SCRIPT ass prett fir déi 3. FIRST LEGO League Regional-Final zu Lëtzebuerg ofzehalen.
#THEMA 2021/2022: CARGO CONNECT | Teaser: FIRST LEGO League Challenge
#DISZIPLINNEN, an deene sech gemooss gëtt:
- Robotergames (Lego Mindstorms / Spike Roboter bauen, deen op engem Spillfeld Aufgaben erleedegt)
- Fuerschungsaarbecht (Eng Léisung zu engem Thema fannen a presentéieren)
- Teamplay (Weisen, dass een e super Team ass)
- Roboter Design (Säi Roboter virstellen a Programmatioun erklären)
#MATMAACHE kann all Team, dat aus maximal 10 Kanner/Jugendlecher tëschent 10 a 15 Joer besteet an op mannst 1 Coach huet.
#D'STARTGEBÜHR fir sech bei dësem internationalen Challenge anzeschreiwen, gëtt dës Saison vum SCRIPT iwwerholl.
#D'SPILLFELD mat e puer dausend Lego-Stécker, wat ee brauch fir un dësem Challenge deelzehuelen, iwwerhëlt all Equipe selwer. (+/- 160 € TTC mat Liwwerung)
#D'REGIONAL-FINAL zu Lëtzebuerg wäert am Februar sinn. De geneeën Datum an d'Plaz stinn opgrond vun der aktueller Corona-Pandemie nach net fest. Mir sinn awer optimistesch, datt mer erëm kënnen e Live-Event organiséieren!
#De MOTTO ass: Mir wëllen all zesumme Spaass hunn an eis Freed un der Technik an un innovativen Iddie mateneen deelen.
#UMELLE kanns du dech an deng Equipe iwwert folgende Formulaire (bis den 12.7.21) : Umeldung
#Bei FROE kanns du dech op folgender Adress mellen: fll@script.lu
#Vill Informatiounen zur FIRST LEGO League fënns du ënnert: https://www.first-lego-league.org
#Réckbléck 2020/2021: LCD Donkey aus dem Lycée classique de Diekirch wanne bei der BENELUX-Final den 1. Präis an der Kategorie "Robot Design”.
Méi Infos: https://www.edumedia.lu/
Mir hoffen, dass mir iech fir dësen Event begeeschtere konnten an datt der elo schonn de Lego beienee sicht.