Déi nei Plattform films4school stellt Iech als Léierpersonal Filmer, déi hei zu Lëtzebuerg produzéiert oder koproduzéiert goufen, zur Verfügung, déi Dir mat Äre Schüler a Schülerinnen zesumme kucken an analyséiere kënnt.

Dës Plattform bitt en neit, zouverlässegt pedagogescht Instrument, fir Biller a Messagen ze interpretéieren, ze kontextualiséieren an ze analyséieren.

Op films4school fannt Dir insgesamt 24 Filmer, Animatiounen an Documentairen, déi verschidden Theemen ofdecken, wéi z. B. d‘Lëtzebuerger Geschicht, d‘Ëmwelt, d’Migratioun an d’Zesummeliewen. All Joer kommen och nach weider Filmer dobäi .

📚 Pedagogesch Dossieren zu all Film erméiglechen Iech et, d‘Erfarunge vun de Schüler a Schülerinnen an der Klass virzebereeden an ze verdéiwen.

Dir kënnt dës Filmer awer net just am Klassesall weisen, mee och eng Virféierung am Kino organiséieren, an esou d’Filmerliefness nach besser maachen. Déi néideg Kontaktinformatioune fannt Dir op films4school.