De 7. Mee 2020 vun 14h00 bis 15h30 huet d’Konferenz „Einfach kodéieren!“ a Form vun engem „Webinar“ stattfonnt. Dëse Webinar ass via Webex (operated by Cisco) a Youtube iwwerdroe ginn.

Als ReferentInnen waren zougeschalt: Mme Rahel Tschopp, Direktesch vum Zentrum fir Medienbildung & Information vun der Pädagogescher Héichschoul Zürech zesumme mam Här Adrian Degonda, wëssenschaftleche Mataarbechter un der Pädagogescher Héichschoul Zürech. Si hunn unhand vu praktesche Beispiller aus der Schwäiz illustréiert, wéi d’Entwécklung vum Kodéieren a Schwäizer Grondschoulen mat Succès iwwer all Fächer ewech genotzt gëtt.

An onser Welt produzéieren a verschaffen ëmmer méi digital Geräter Informatiounen an Daten. Oft treffen si ganz automatesch wichteg Entscheedunge fir an iwwert ons. Aus dësem Grond gëtt den Interessi an d’Wëssen iwwert d’Funktionalitéit vun den digitalen Apparater ee wichtege Bestanddeel vun eiser digitaler Gesellschaft. D’Schülerinnen an d’Schüler léiere kritikfäeg par Rapport zu de mediale Realitéiten ze ginn a selwer Akteur an dëser Welt ze ginn.

Ab dem nächste Schouljoer gëtt d’Kodéieren am Zykle 4 agefouert. Dëse Webinar stellt Iech vir, wat mat Kodéiere gemengt ass, a gëtt Iech een éischten Abléck an d’Léiermethoden an an d’Uwendung am Unterrecht. Mir weisen Iech, wéi Kanner duerch e spillereschen Zougang an d’Welt vum Kodéieren agefouert ginn.

Um Internetsite www.educoding.lu an iwwert dëse Link kënnt Dir Iech de Webinar nachemol ukucken:

Link Vimeo