De SCRIPT huet Elteren an hir Kanner de 6.2.2021 (Tramsschapp/ Stat Lëtzebuerg) an den 20.3.2021 (Op der Schmelz/ Diddeleng) op den Event “Einfach Kodéiere mat der Famill” invitéiert.

D’Famille konnten hands-on a 4 Workshoppen entdecken, wourëm et beim Kodéieren an der Grondschoul geet.

Vun Ozobot, Kniwwelino, iwwer Scratch bis hin zu enger klenger unplugged Show war vun allem eppes dobäi.

Beim aktiven Ausprobéiere goufen d’Famille vun Enseignanten aus der Grondschoul an de rezent agefouerten I-CNen (Instituteurs spécialisés en compétences numériques) begleet an ënnerstëtzt.

Et sinn zwee weider Nomëtteger geplangt.

Zousätzlech Informatioune fannt Dir op https://www.educoding.lu/