D’YEP-Schoulfoire riicht sech u Kanner a Jonker aus dem Cycle 4 vum Fondamental an aus dem Secondaire, awer och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientatioun ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Op enger Fläch vu 17.000 m2 verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP-Schoulfoire ëm fënnef Haaptachsen:

  • d’Lëtzebuerger Lycéeën,
  • de Ministère, seng Servicer, Administratiounen a Projeten,
  • de Léierplazendag,
  • d’LuxSkills
  • an Entdeckungs-Atelieren

Weider Informatiounen fann Dir ënnert folgendem Link: YEP-Schoulfoire