D’YEP-Schoulfoire riicht sech un d’SchülerInnen aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’SchülerInnen aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Op enger Fläch vu 17.000 m2, verdeelt op dräi Halen, dréint sech d’YEP-Schoulfoire ëm fënnef Pilieren:

  • d’Lëtzebuerger Lycéeën
  • de Ministère, d’Maison de l’Orientation an d’Schouloffer
  • de Léierplazendag
  • déi néng Formatiounswelten
  • d’Atelieren & d’Showen

D’Inscriptioune fir d’Schoulfoire sinn op. D’Schoulfoire ass wärend de Schoulhorairen exklusiv fir Schoulklassen op, ausser dënschdes, wou si de ganzen Dag och fir all aner Visiteure wäert zougänglech sinn. Den Entrée ass gratis. Privatpersounen, Gruppe vu Maison-relaisen oder Jugendhaiser musse sech net umellen.

Aschreiiwunge fannt Dir hei: