Wéi kommen Artikelen an der Zeitung oder um Internet zustan?

Wouhier weess e Journalist/ eng Journalistin, wat wichteg an interessant ass, a wat net?

Wéi sicht een Informatiounen, a wéi verschafft een se esou, dass aner Leit se gutt verstinn?

Wann Dir fierwëtzeg sidd a selwer emol wëllt e Reportage schreiwen, filmen oder fir de Radio ophuelen, da sidd Dir bei de Mini-Redaktioune vum Piwitsch richteg.

Vun der Rentrée 2022 un kënnen all Enseignanteën an Enseignanten aus den Zyklen 3 a 4 vum Fondamental hir Klass aschreiwen, fir mam Piwitsch-Team zesummen e Mini-Redaktiouns-Projet duerchzeféieren.

Schreift eis iwwer d’Adress minired@piwitsch.lu, a kuckt op UNTERRICHTSMATERIAL - piwitsch.