D’Kannerradionuecht gëtt de 24. November vun 19 Auer un vum Radio 100,7 iwwerdroën. Et ass eng Invitatioun un d’Kanner vu 6 bis 12 Joër, fir mam Radio e spannenden, informativen an amusanten Owend ze verbréngen - an dat ganz ouni Ecran. 

Déi éischt Editioun wäert am Zeeche vun der Wëssenschaft an der Technologie stoen. Dobäi wäerten Geschichten gelauschtert ginnsouwéi, Experimenter erklärt ginn, an et wäert mat Wëssenschaftler geschwat ginn.

Bei der Kannerradionuecht gëtt et och déi fuschnei Lauschterspill-Versioun vum “Den Eppes” vum Jhemp Hoscheit ze héieren.

Wann Ddier Iech als Famill oder als Klass am Virfeld umellt, kritt Ddir déi begleedend Broschüure fir all d’Kanner aus Ääerer Klass oder Grupp geschéckt, mat Experimenter, Rezepter, Geschichten, an dem offizielle Kannerradionuecht-Song vum Nikki Ninja fir matzesangen. Kanner, déi ugemellt sinn, kënne matbestëmmen, wéi eng Lidder an der Kannerradionuecht gespillt ginn. 

Méi Informatiounen a d’Umellung fannt Dir ënnert dësem Link: https://kannerradionuecht.lu/