Wéi all Joer säit 1971 organiséiert d’Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg (FJSL) och 2021 rëm de Concours National “Jonk Fuerscher”. Heibäi handelt et sech em eng ausserschoulesch Aktivitéit, déi sech un all Jonker tëscht 11-21 Joer adresséiert, déi u Wëssenschaften am wäitste Sënn interesséiert sinn. Si kënnen deelhuelen andeems si eegestänneg ee Projet ausschaffen zu enger Thematik, déi se sech selwer eraussichen duerfen – am Beräich vun den Natur- oder och de Geeschteswëssenschaften – sief dat eleng oder an enger Equipe vu bis zu 3 Persounen.

Wärend dem Concours, deen dëst Joer vum 27. bis den 29. Mäerz 2021  ofgehalen gëtt, an esou wuel aus virtuellen, wéi och aus live Komponenten.besteet, kréien d’Participanten d’Méiglechkeet, hire Projet virun engem Jury vu Professionellen aus de verschiddensten Beräicher ze presentéieren: virun Ingenieuren, Historiker, Chemiker, Molekularbiologen, Mathematiker, IT-Spezialisten, asw.

De Concours ass eng gutt Geleeënheet, fir an d’Welt vun der Wëssenschaft eranzekommen, interessant Léit kennenzeléieren, déi déi nämmlecht Interessen hunn, seng Iddi an ee Projet ëmzesetzen, an dësen engem Public ze weisen. Natierlech gëtt all Participant och belount; esou kann ee coole Präisser gewannen, wéi zum Beispill d’Participatioun u groussen, internationale Wëssenschaftsaktivitéiten, ënnert anerem an Asien (China an Taiwan), Europa (Frankräich, Däitschland, Spuenien, etc.), an och an Amerika, op de weltwäit gréissten Wëssenschaftsconcours, dem Regeneron ISEF.

Esou invitéiert d’FJSL och all Joers jonk Fuerscher aus aller Welt op d’Expo-Sciences Luxembourg, déi zäitgläich mam Concours ofgehalen gëtt an esou de interkulturellen Austausch frdert. Fir déi nächst Editioun 2021 mussen se wéinst der Pandemie allerdéngs leider op eng virtuell Versioun vun dëser Expo auswäichen.

D’Zil vun der FJSL ass et, déi jonk Leit zu Lëtzebuerg fir d’Sciencen ze begeeschteren an op laang Dauer eventuell och eng Karriär an deem Beräich unzestriewen. Och droen d’Aktivitéiten an d’Erliefnisser vun de Laureaten zu hirem charakterlechen Developpement bäi a stäerken d’Selbstbewosstsinn vun all jonken Participant.

Wann s DU och interesséiert bass, beim Concours National “Jonk Fuerscher” matzemaachen, kanns du dech op www.fjsl.lu registréieren. Aschréiwungen laafen nach bis den 12. Februar 2021.

Wëlls du innerhalb vun der FJSL aktiv ginn, z.B. als Tuteur, Sponsor, oder Volontaire bei eisen Evenementer, dann mell dech op contact@fjsl.lu

Facebook: @fjs.lux

Instagram: @fjs.lux

Twitter: @fjslux