Am Kader vum Projet 'Be a HEARo' gett d''Pop Music Week' vum 22. bis de 26. Mee 2023 an der Rockhal organiséiert. D'Evenement riicht sech u Schoulklassen aus de Cyclen 3.2 bis 4.2 vum Enseignement fondamental.

Déi edukativ Concerte vu 'Be a HEARo', déi vum Rocklab an Zesummenaarbecht mam SCRIPT organiséiert ginn, erfreeën sech all Joer enger grousser Beléiftheet.

Am Concertssall Club vun der Rockhal gëtt de Schoulklasse vun enger Band op eng anschaulech an amusant Aart a Weis Rock- a Popmusek, souwéi vill spannend Hannergrondinformatiounen iwwer dës Genrë méi no bruecht.

Nieft dem edukative Concert vu 'Be a HEARo' gi verschidden Ateliere ronderëm d'Welt vun der Pop- a Rockmusek ugebueden. D'Ateliere wäerten déi dräi Themeberäicher 'Musek maachen', 'Medien a Marketing', souwéi 'Luucht- an Tountechnik' ofdecken. Mellt iech also elo séier entweder fir de Concert oder de Concert mat den Atelieren ënnert dësem Link un, fir nach eng vun de beléifte Plazen ze kréien.