Dir fannt e Wuert net méi op Lëtzebuergesch oder op Däitsch oder op Franséisch, da sicht et ganz einfach iwwert d’App LOD.

Fir de Contenu vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire nach méi accessibel ze maachen, gouf elo eng App entwéckelt, déi nach méi Méiglechkeete bitt. D’App ka gratis iwwert de Google Play Store oder iwwert den Apple Appstore erofgeluede ginn.

D’Navigatioun duerch d’App ass intuitiv an d’Wieder gi bei der Sich a Kategorien agedeelt, vu Synonymmen iwwert Beispiller an Iwwersetzungen ass alles dobäi. Duerch d’App ass d’Sichfunktioun optimiséiert ginn an d’Luedzäite si reduzéiert ginn.

Hei geet et bei d'App!