D’Expo-Sciences Luxembourg ass eng international an net kompetitiv Wëssenschaftsexpo, déi Laureaten aus der ganzer Welt empfänkt fir hei zu Lëtzebuerg hier Projeten auszestellen. 

Déi international jonk Leit, déi dorunner deelhuelen, presentéieren hir Projeten nieft de Stänn vun den Participanten vum Concours national Jonk Fuerscher.

D’Expo fërdert nei Iddien andeems si de kulturellen an wëssenschaftlechen Echange tëscht gläichgesënnte Jonken aus deene verschiddene Länner favoriséiert. Deemno ass dëst d’Geleeënheet, fir Jonker aus anere Länner besser kennen ze léieren a gläichzäiteg kënnen déi international Laureaten, déi bei der Expo matmaachen, duerch e variéierte kulturellen a wëssenschaftleche Programm méi iwwer Lëtzebuerg gewuer ginn.

DÉI 11. EDITIOUN VUN DER EXPO-SCIENCES LUXEMBOURG GËT 2021 VIRTUELL ORGANISÉIERT VUM 27. BIS DEN 29. MÄRZ!