Schoul Doheem – dat ass en Challenge fir eis Alleguer!

Schouldoheem.lu ass en Internetsite vum SCRIPT, deen ënner anerem Léiermaterial an Online-Tools fir d‘Léierpersonal, d‘Schülerinnen a Schüler an d‘Elteren zur Verfügung stellt.

An deem Sënn wäert Schouldoheem.lu eng Ressource an Hëllefstellung duerstellen, och well en Äntwerten op technesch Froe gëtt.

De SCRIPT wëll der Devise “Ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler” och an dësem ongewéinleche Kontext gerecht ginn.

Zum engem gëtt den Inhalt vum Site lafend mat ëmmer neie Materialien aktualiséiert. Hei ginn no an no nei sënnvoll Hëllefsmëttel ugebueden, déi mat enger einfacher Sichfunktioun ze fanne sinn. Doriwwer eraus kläert de SCRIPT och all d'Lizenzfroen of, esou datt jiddereen en Zougank zu dëse Materialie kritt.

Zum aneren ginn och d’Iwwersetzungen an verschidde Sproochen assuréiert.