Mir sichen Schoulklassen fir eng Late-Night Talk Show ze dréinen!

 

BEE SECURE produzéiert zesumme mat der Media Factory vum SNJ eng Talk Show zum Thema “Insta, TikTok & Co: Nei EU Spillreegelen” a sicht eng Schoulklass mat Jonker ab 14 Joer fir dëse Workshop vun 2 Deeg am Jugendzenter Mariendall.

 

Sidd dir interesséiert? Da mellt Iech un: celina.pereira@snj.lu

Deadline: 24.09.2024

 

Nei Skills fir d’ Liewen:

  1. Journalismus erliewen (Interview virbereeden & duerchféieren)
  2. Late Night Show Konzept opstellen: eng Talk Show mat richtegen Experten
  3. Selwer maachen: Kamera, Toun, Film-Material schneiden, Regisseur sinn... hei fënnt jiddereen Eppes!
  4. Sech an d’ Gesellschaft mat abréngen: Mat diskutéieren an aner Jonker informéieren. D’ Episode sinn herno online fir de Grand Public oder fir mat der Klass ze beschwätzen.
  5. Kreativ am Team schaffen!

 

Hei fannt Dir nach weider Detailer. D’ Aktivitéit kann a follgende Sproochen ugebuede ginn: DE, LU, FR

 

Workshop:

Talkshow “Mir maachen de Punkt” zum Thema “Insta, TikTok & Co: Nei EU Spillregelen”

Datum an Auerzäit:

08.10.2024  vun 09:00-16:00

09.10.2024 vun 09:00-16:00

Wou:

Centre de Jeunesse Marienthal

Rue de Keispelt
L-7411 Marienthal

Alter:

Jonker ab 14 Joer

(Minimum 18 Participante)

Käschten:

BEE SECURE iwwerhëlt all Käschten*

Iwwernuechtung ass méiglech.

*Falls d’ Schoul e Bus buche wëll fir an de Mariendall ze kommen, muss d’ Schoul dëst op eege Käschte maachen. Iwwerholl vu BEE SECURE ginn: Iessen, Iwwernuechtung (falls gewënscht), Material, Experten Ënnerstëtzung.