Vum Dënschden, 9. Februar  bis zum Freiden, 12. Februar send de SCRIPT all Dag insgesamt 4 bis 5 Léieraktivitéiten um YouTube-Kanal vu schouldoheem.lu. Et sinn Aktivitéite fir déi verschidde Cyclë virgesinn, se loosse sech liicht an de Programm abauen, a solle Spaass maachen.

D’Eltere kënne gären och rakucken a matmaachen. Et brauch ee kee Login, donieft gëtt et awer och keng direkt Interaktioun an et gi keng privat Donnéeën erhuewen. Di verschidde Videoen, di sou entstinn, bleiwen och duerno nach disponibel. 

Mir wënschen Iech vill Freed mat den Aktivitéiten.

Hei fann Dir de genaue Programm vum Schouldoheem on Air!!