Mat „Méi wéi Sex – De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper“ huet de CESAS (Centre national de référence pour la promotion de la santé affective et sexuelle) zesumme mat Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA eng Serie iwwer Sexualitéit, Kierper a Bezéiungsforme gestart. Iwwert en oppent Gespréich ouni Tabuen a verschidde Rubricke begéine mir deene Jonken op Ouerenhéicht.

De Sexpodcast ass ee weideren Zougank fir Jonker zum Thema Sexualitéit. Nieft deenen Informatiounen, déi si an der Schoul kréien oder um Internet fannen an ёnnert Kolleg*innen austauschen, schafe mir eng Informatiounsquell mat ville Virdeeler: Iwwer d'Smartphones abonnéierbar, op lёtzebuergesch iwwert Kopfhörer gelauschtert ass „Méi wéi Sex“ eng perséinlech (a wa gewёnscht och diskret) Informatiounsquell.

D’Sendunge vun der 2. Staffel, déi de 4. Oktober gestart ass, gi vun enger Sexualpädagogin, 2 Journalist*innen, engem Sexolog an diverse Gäscht opgestallt. Hiert erkläertent Zil ass et, zur Entfalung vun der eegener Perséinlechkeet, dem Ofbau vun diskriminéierende Stereotypen an engem selbstbewosste Kierperbild bäizedroen.

„Méi wéi Sex“ leeft all 2. Freiden um 15h00 um Radio ARA (102,9 an 105,2 FM) an ass duerno um Site sexpodcast.lu, souwéi op Spotify, Youtube an Apple music ze fannen.