De 6. Mäerz 2020 ass den 2. Lënster Te@chMeet am Lënster Lycée. Bei dësem Event kommen alleguer déi zesummen, déi sech fir d’Thema Digitaliséierung am Unterrecht interesséieren. Dëst Joer ginn e Barcamp an e OneBestThing ugebueden. Bei engem Barcamp fannen sech spontan Leit zesummen an diskutéieren oder presentéieren e bestëmmt Thema. Beim OneBestThing gëllt et fir innerhalb vu 5 Minutten eng App, eng Websäit, eng Unterrechtsiddi asw. ze presentéieren, woubäi dono ofgestëmmt gëtt an déi 3 bescht Presentatiounen eng Auszeechnung kréien.

Weider Informatiounen an Umeldung ënnert folgendem Link: https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=261275