Ranking
 

D’Etude vum “Centre for European Policy Studies” (CEPS) an Zesummenaarbecht mat “Grow with Google” ass am November 2019 presentéiert ginn.

Dës Etude stellt eng Partie Lëtzebuerger digital Outile als “Best practices” vir, wéi zum Beispill den eBAC mam eCampus an d’Léierplattform MathemaTIC.

Dës Outile droen zu enger verbesserter  Chancëgläichheet bäi, wat den Zougank zu enger Schoulausbildung fir jiddereen zu Lëtzebuerg ugeet.

Lëtzebuerg hëlt an dëser Studie déi 4. Plaz an, wat den digitale Léierbereetschaftsindex an Europa betrëfft. D’Haaptstäerkte vu Lëtzebuerg sinn d’Disponibilitéit vum digitale Léieren, de schouleschen Niveau an d’Participatioun um Schoulwiesen.

Méi Informatioune kënnt dir um Internetsite vum CEPS oder an hiererm Rapport noliesen.