De Concours jeune journaliste 2021/2022 ass gestart
Den Thema fir dës Editioun ass: Matschwätzen, matmaachen, matentscheeden – Umeldung bis den 8. November 2021

Zanter 2014 organiséieren de Conseil de presse an Zesummenaarbecht mam SCRIPT an dem Zentrum fir politesch Bildung elo schonn de “Concours jeune journaliste”. Hei geet et drëms, Schülerinnen a Schüler unzereegen, fir eng journalistesch Aarbecht iwwer e bestëmmten Thema ze maachen an dobäi esou wuel de kriteschen Ëmgank mat Informatioun als och d’Prozesser ze entdecken, déi vun der Recherche bis zur Publikatioun vun engem fäerdege Bäitrag néideg sinn.

Am Kader vun hirem Projet kënnen d’Klassen och eng Beruffsjournalistin oder e Beruffsjournalist invitéieren, fir méi iwwer de Metier gewuer ze ginn a Rotschléi ze kréien, wéi si hire Projet besser opbaue kënnen. All Joer gëtt de Jury en Thema fir, iwwer den d’Schülerinnen a Schüler, déi beim CJJ matmaachen, musse schreiwen.

Fir d’Editioun 2021/2022 ass dat “Matschwätzen, matmaachen, matentscheeden”. Hei geet et ëm d’Fro vun der gesellschaftlecher Participatioun.

Dir sidd interesséiert a géift gäre matmaachen? Da fannt Dir all Detailer um neien Internetsite vum CJJ, www.jeunejournaliste.lu. D’Websäit ass ganz iwwerduecht ginn a krut e fuschneien Design. E gouf ënner anerem ergänzt duerch e Presentatiounsvideo vum Concours, en FAQ zu journalistesche Projeten an der Schoul an e Glossaire mat Termen aus der Mediewelt.

Wann Dir wëllt matmaachen beim Concours jeune journaliste 2021/2022, da schreift Är Klass w.e.g. iwwer den E-Mail cjj@men.lu an. De leschten Delai, fir sech unzemellen, ass den 8. November 2021.