Den 18. Dezember 2020 huet de Premier Minister Xavier Bettel en héichgelueften Online Cours “Elements of AI” fir all interesséierte Bierger lancéiert.

Dëse Cours ass gratis a gouf vun der Universitéit vun Helsinki an der finnëscher Entreprise Reaktor entwéckelt.

“Elements of AI” erméiglecht et, d’Potenzial vun der kënschtlecher Intelligenz ze verstoen an ze notzen. Et soll jiddereen dozou motivéiert ginn, onofhängeg vum Alter a Bildungshannergrond ze léieren, wat KI (kënschtlech Intelligenz) ass, wat ee mat hir maache kann (a wat net). Den individuel upassbare Cours kombinéiert Theorie mat praktëschen Übungen.

De Cours gëtt op Franséich, Däitsch an Englësch proposéiert.

Hei fannt dir weider Informatiounen:

https://www.elementsofai.lu/