Educ’ARTE bitt elo Enseignanten a Schüler vun der Primärschoul bis an de Secondaire e Katalog mat iwwer 1.000 héichqualitativen ARTE Programmer.

D’Contenuen, déi vu Pedagogen ausgewielt gi sinn, sinn no Fach a Schoulniveau opgedeelt. D’Zil vum Projet ass, mat Hëllef vun digitalen Tools, all de Schüler Zougang zur Kultur ze bidden, onofhängeg vun hirem pedagogeschen Hannergrond oder hirer Hierkonft.

Léierpersonal a Schüler hunn onbegrenzten Zougang zu den Inhalter a kënnen se mat hirem Computer, Smartphone oder Tablett op all Léierplaz consultéieren, sief dat an der Klass, an der Schoulmediathéik oder doheem. De Login fannt Dir ënnert dësem Link.

Mat einfachen Tools déi un d'Schoulbedierfnesser ugepasst sinn, kënnen se och Inhalter personaliséiere fir hiert Wëssen ze verdéiwen: Auszich oder Mindmaps erstellen, Kommentaren a Videoen asetzen, Inhalter tëscht Enseignanten oder tëscht Schüler an Enseignanten deelen. Et ass méiglech Ënnertitelen unzeweisen, Videoen interaktiv ze transkribéieren an erofzelueden.

Zousätzlech zum Däitschen, Franséischen an Englesch, wäerte geschwënn och nach aner Sproochen (besonnesch Spuenesch) disponibel sinn.