Vu Mäerz bis Juni offréiert de SCRIPT an alle 15 Regional‐Direktiounen Kodéier‐Workshope fir d’Cyclen 1 bis 3. Zil vun dëse Workshopen ass et, op spilleresch Manéier ze weisen, wéi algorithmescht Denken am Alldag ka genotzt ginn. Extern Experte kommen an engem Moie während dräi Stonne mat de SchülerInnen an d’Klass schaffen a féiere si an d’Welt vum Computational Thinking an.

CodeClub, Déi kleng Fuerscher, KidsLifeSkills, Maltem Luxembourg Consulting Group, WIDE a Workshop4Me freeë sech, hiert Wësse mat äre SchülerInnen op eng flott an aktiv Manéier ze deelen. Et gi keng Kodéier‐Kenntnisser virausgesat.

E puer Workshope si nach fräi. Dir kënnt är Klass umellen iwwert der Site: https://www.educoding.lu/workshop/